Eist Neit Wunnen Agence 
Sarl-S SIS Social Impact Company 
Méi bezuelbare Wunnraum fir Lëtzebuerg! 
cz@eistneitwunnen.lu







Eist Neit Wunnen Agence






MEI BEZUELBARE WUNNRAUM FIR LËTZEBUERG! 
Wunnkooperativen ginn et am Ausland scho säit iwwer 100 Joer. Bei Wunnkooperativen geet et net em Spekulatioun oder “Plus Value”, mee em e bezuelbaart Doheem. En Doheem wat s Du mat anerem zesumme kanns selwer gestalten. En Doheem, wat bei Dech passt. En Doheem fir deng Zukunft.  
E puer couragéiert Pionéier si schonn amgaangen di éischt Wunnkooperativen ëmzesetzen, mee fir dass de Modell richteg ka funktionéieren, gëtt et eis: D’Eist Neit Wunnen Agence (ENWA). 
Mir beroden a begleede jiddereen deen drun interesséiert ass eng Wunnkooperative ze grënnen oder enger bäizetrieden a mir hëllefe Gemengen dobäi hier Terraine fir Kooperativen auszeschreiwen a begleeden si an dem Prozess.




NEIEGKEETEN & GESCHICHT VUN DER AGENCE
03.2026 | D’Chamber hëlt eestëmmeg eng Motioun vun der LSAP un, fir Wunnkooperativen zu Lëtzebuerg an Zukunft méi ze ënnerstëtzen. Séance public vum 17.03.2026

02.2026 | D’Logementskommissioun vun der Chamber schwätzt iwwert d’Zukunft vun de Wunnkooperativen. Video vun der Kommissioun

01.2026 | D’Eist Neit Wunnen Agence Sarl-S S.I.S. ass offiziell gegrënnt.

12.2025 | D’UniLU organiséiert eng Table Ronde zum Thema Kooperativen mam Claude Meisch, Paulette Lenert, Antoine Paccoud an David Hiez. Reportage

10.2025 | D’Eist Neit Wunnen Agence kritt den SIS Status vum Aarbechtsministère accordéiert.

10.2025 | D’Gewënnergrupp vum Terrain um Belval Sud gëtt annoncéiert: Eng Grupp mam Numm CO-OP 01. Säitdeem ginn si vun eis begleet. Artikel

07.2025 | De Projet vun der Eist neit Wunnen Agence gëtt am Logementsministère virgestallt.

05.2025 | D’Iddi vun der Eist Neit Wunnen Agence (ENWA) gëtt gebuer. D’Konzeptioun an d’Preparatioun fir d’ENWA fänken un.

05.2025 | D’Agora publizéiert hiren Appel à projet fir eng Wunnkooperativ um Belval Sud. Ausschreiwung

04.2025 | Den éischten “For Future Members Only” Workshop gëtt am LUCA ofgehalen.

03.2025 | D’Ausstellung “Our New Housing – An Invitation to Cooperate” féiert am LUCA (Luxembourg Center for Architecture) Vernissage. Méi Informatiounen

03.2025 | D’Plattform “For Future Members Only” geet online. Dro dech an!

04.2024 | D’Recherche vun der Doktorsaarbecht ginn am Ministère de Logement virgestallt.

12.2023 | D’Céline Zimmer verteidegt säin Doktorat „Ein Ditter Wohnungssektor für Luxemburg – Emanzipation von Markt und Staat in der Wohnversorgung“. Download vun der Aarbecht

04.2023 | D’Ëmfro „Eist Neit Wunnen“ geet online. Et huele ca. 1300 Leit deel, vun deenen 39% soen si géife gären an enger Wunnkooperativ wunnen. Den Numm “Eist Neit Wunnen” ass gebuer.  


VIRWAT ENG “AGENCE”? 

Eng “Agence” kennt een aus dem Immobilienkontext als en (meeschtens deieren) Service deen engem dobäi hëllefe soll eng Wunneng ze fannen. D’Servicer vun der ENWA ginn awer wäit doriwwer eraus.

“Agence” ass hei éischter am Sënn vu sengem etymologeschen Ursprong ze verstoen. Dat laténgescht Verb agere heescht “a Beweegung setzen”.  Am Engleschen huet agency eng duebel Bedeitung. Et bedeit souwuel „eng Persoun oder eng Organisatioun, déi fir anerer agéiert oder e spezielle Service ubitt” wéi och „d’Kapazitéit ze agéieren”.  


KONTAKT


Céline Zimmer
cz@eistneitwunnen.lu
Instagram: forfurtermembersonly

Don: 
Eist Neit Wunnen Agence 
LU73 0099 7800 0157 0472 
CCRALULLXXX 

UPCOMING EVENTS

An impossible dream? Paths to homeownership in Luxembourg
Table Ronde organiséiert vun der Luxembourg Times 
22.04.2026 (Save the Date)

10x6 – Architecture Next Gen by Paperjam
Luxembourg, Luxexpo
28.04.2026 


WEEN STÉCHT HANNERT DER ENWA? 
D’Céline Zimmer ass Fuerscherin an Architektin. Am Februar 2024 huet hat zesumme mam Florian Hertweck de Büro Less Yellow opgemaach. Am Januar 2026 ass hat zesumme mat sengem Team erausgesicht gi fir de Lëtzebuerger Pavillon op der 20th Architecture Biennale zu Venedeg ze kuratéieren. 
D’Céline huet Architektur zu Tréier an zu Hamburg studéiert huet, éier dass hat erëm op Lëtzebuerg koum. 2020 huet hat mat de Recherchen fir säin Doktorat ugefaangen, deen hat 2023 verteidegt huet. An där Aarbecht geet et em d’Lëtzebuerger Wunnengskris, an dorëms wei Wunnkooperativen dorobber kënnen eng Äntwert ginn, an deem se laangfristeg an nohalteg bezuelbare Wunnraum bauen.
Säit senger Aarbecht op der Universitéit, setzt d’Céline sech dofir an, dass Wunnkooperativen zu Lëtzebuerg Realitéit kënne ginn.  Am März 2025 huet hat d’Ausstellung “Our New Housing – An Invitation to Cooperate” kuratéiert. Säit Mee 2025 begleet hat de Projet vun der Agora, wou en Terrain fir Wunnkooperativen am néien Véirel “Belval Sud” reservéiert gouf.
Well ëmmer méi Leit mat Froen zu Kooperative bei hat kommen, fänkt d’Céline am Mee 2025 iwwert d’Grënnung vun enger Berodungsstruktur no. Hat orientéiert sech dobäi u Beispiller aus dem Ausland, wei der Mitbauzentrale zu München. Den 26.01.2026 grënnt hat offiziell d’Eist Neit Wunnen Agence ënnert der Form vun enger SIS, vun där hat säitdeem Gerante ass.  


E GROUSSE MERCI

Dass haut konkret iwwert Wunnkooperativen zu Lëtzebuerg geschwat gëtt an d’ENWA konnt gegrënnt ginn, ass d’Resultat vun engem kollektiven Effort. 
E grousse Merci geet un: All déi Politikerinnen a Politiker, déi sech fir de Modell staark gemaach hunn, all déi Leit déi sech fir de Modell interesséieren, d’Agora, fir hire couragéierte Schrëtt, all déi Pionéier aus der CO-OP 01, all déi Journalistinnen a Journalisten, déi iwwert de Projet berichten a ganz konkret un den Eric Weirich, de Cédric Metz, de Paul Matzet, d’Maribel Casas, de Florian Hertweck, d’Caroline Faber, den David Hiez, de Jorge Teixeira, d’Claire Faber, d’Jessika Maria Rauch, an d’Paulette Lenert. 


PRESS & PUBLIKATIOUNEN (SELEKTIOUN)
L’habitat coopératif reste à inventer au Luxembourg, Geneviève Montaigu fir Le Quotidien (14.12.2025)

Wunnkooperativen – e Puzzlestéck am Kampf géint d’Logementskris?, Dany Rasqué fir RTL (10.12.2025)

Group moves toward Luxembourg’s first housing cooperative in Belval, Lucrezia Reale fir Luxembourg Times (04.11.2025)

Wohnungsnot in Luxemburg: Keine Fatalität, sondern hausgemacht – Ein Plädoyer für ein Umdenken, Paulette Lenert am Tageblatt (14.10.2025)

Luxembourg grants land for cooperative housing for first time
, Lucrezia Reale fir Luxembourg Times (15.05.2025)

Baugenossenschaften, Maurice Molitor fir 100,7 (28.04.2025)

Les coopératives, une solution pour créer du logement abordable
, Céline Coubray fir Paperjam (18.04.2025)

Wie eine Architektin den Wohnungsmarkt neu erfinden will, Jean-Philippe Schmit fir Luxemburger Wort (17.04.2025) 

Is Luxembourg ready to rethink homeownership?, Lucrezia Reale fir Luxembourg Times (25.03.2025)

Wohnraum statt Rendite: Genossenschaften als Schlüssel zur Lösung der Wohnungskrise, Carole Theisen fir Tageblatt (15.03.2025)

Decommodification could be the remedy for the housing crisis, Céline Zimmer fir Paperjam (13.05.2024)

Bauen in Genossenschaften: Warum klappt das nicht in Luxemburg?, Thomas Klein fir  Luxemburger Wort (27.04.2023)

De Wunnraum zu Lëtzebuerg ass knapps an och deier, Pierre Jans fir RTL (24.04.2023)

Zeit für Alternativen, Céline Zimmer am Forum – Magazin für Politik, Gesellschaft und Kultur (08.09.2022) 


PAST EVENTS (SELEKTIOUN)

Service Logement, un regard intime sur la crise
Projektioun an Table Ronde organiséiert vum LUCA
11.02.2026

La coopérative de logement : une autre solution à la crise immobilière au Luxembourg
Table Ronde organiséiert vun der University of Luxembourg
09.12.2025

Logement zu Lëtzebuerg - What else?
Table Ronde organiséiert vun der Erwuessebildung
26.11.2025 

Nei Wunnformen
Erwuessebildung
22.10.2025

Governing a Cooperative
Konferenz mam Ivo Balmer organiséiert vum LUCA
05.06.2025

Designing a Cooperative
Konferenz mam Mira Nekova organiséiert vum LUCA
23.04.2025

Initiating a Cooperative
Konferenz mam Markus Sowa 
19.03.20525

Eng Äerd
Projektioun an Table Ronde organiséiert vum LUCA
29.09.2023

RE)acting/(EN)acting
Seminar organiséiert vun der Oslo School of Architecture and Design
24.09.2022